Home    Feelhome by iKSL – Ideeën an Berodung fir sech anzeriichten

Schon an Chrëschtdagsstemmung?

Huet Dir een Kamaïn doheem? Dann brengt den zum Liichten an setzt en an Szene mat der richteger Chrëschtdekoratioun!

Mat e  puer Käerzen, flotter Chrëschtdekoratioun, enger Lanter an virun allem enger gemittlecher Fautel macht Dir Iech Ären Kamäin zu Ärer neier Liiblingsplaaz! E puer Këssen an  eng molleg Decken däerfen natierlech net feelen fir di richteg Ambiance ze schafen.

Schéin dekorativ Bullen mussen net ëmmer um  Beemchen hänken. Arrangéiert se an engem Kuerf mat e puer Käerzen ronderëm, sou kommen si genau sou gutt zur Geltung.

Och e puer gesammelt Dännenzapfen kënnen dekorativ ausgesinn, wann een se  mat gëllegem Spray zum Liichten bréngt an dann zweschent déi aner Dekoratiounen leet.

Merci un eisen Partner

“Scènes d’intérieur “vun Ettelbreck!

Articles similaires