Home    Feelhome by iKSL – Ideeën & Berodung fir sech anzeriichten

Macht Iech et gemittlech doheem !

D‘Daeg ginn kuerz, kal an gro-maacht Iech et gemittlech doheem an bréngt e bëssen Faarf an d’Spill.  Mat e puer kuschelegen Këssen an enger waarmer Decken an enger roueger Faarf könnt Dir Är Stuff ouni vill Opwand emdekoréieren. Stellt roueg eng oder zwou Blummen dobäi, och elo am Hierscht mëscht dëst direkt eng mei frëndlech Stëmmung.

Wichteg as, dass d’Faarwen passend openeen ofgestëmmt sinn.  Dir könnt zwou – dräi verschidden Faarwen kombinéieren, sou wie hei op den Fotoen Aalrosa mat Beige an eng Touche Gold, oder Dir bleift ganz an engem Faarftoun an changéiert d’Nuancen, z.Bsp. vun engem kräftegen bis doucen aalrosa Toun sou wie die zwee Këssen an d‘Decken.

Fir den Dag auskléngen ze loossen, eng schéin Taass mat Téi an dann bléift den Novemberblues virun der Dier.

Merci un eisen Partner “Scènes d’intérieur”

vun Ettelbréck!

Articles similaires